All together!

All together!

D’Fondatioun EME organiséiert mat der Ënnerstëtzung vum LEADER Wëlle Westen en inklusive Chouer an der Regioun.

Inklusiv heescht, datt dës Offer sech besonnesch u Persoune riicht déi opgrond vu verschiddenen Ursaachen eventuell net an der Lag si bei enger ëffentlecher Offer vun engem Veräi matzemaachen (z.B. duerch ageschränkte Mobilitéit,…).

Vum 20. Februar bis de 4. Juni fënnt all zweeten Dënschde vu 16h30 bis 18h00 eng Prouf vum Chouer an de Raimlechkeete vun Op der Schock statt.

Weider Infoen an de Kontakt fir sech fir d’Prouwen unzemelle fannt Dir op:

https://www.fondation-eme.lu/fr/projets/all-together-redangeattert

Ëmfro Liewen am Kanton Réiden

Ëmfro Liewen am Kanton Réiden

 
Maacht mat bei eiser Bierger – Ëmfro!
 
Eis Gemeng bedeelegt sech un der Territorial-Visioun fir de Kanton Réiden. An dësem Kontext ass Är Meenung immens wichteg an dowéinst wiere mir ganz frou, wann Dir Iech kéint ca. 15 Minutten Zäit huele fir bei eiser Ëmfro matzemaachen.
 
Et geet drëm wéi zefridden Dir mat der aktueller Offer (medezinesch Versuergung, Sport, Akafsméiglechkeeten,…) am Kanton sidd, wat feelt a wat d’Schwéierpunkte fir d’Zukunft solle sinn.
 
Mir soen Iech villmools Merci fir Äert Matmaachen.
Photos Sonnenburg-Gedenkzeremonie

Photos Sonnenburg-Gedenkzeremonie

Viru 79 Joer, an der Nuecht vum 30. op den 31. Januar 1945, sinn zu Sonnenburg a Polen 819 jonk Männer, déi do inhaftéiert waren, rücksichtslos vun der SS erschoss ginn. Ënnert den Affer waren 90 jonk Lëtzebuerger.

An dësem Kader, gouf den 30. Januar 2024, an der Kierch zu Groussbus d’Sonnenburg-Gedenkzeremonie fir den Affer vum Massaker vu Slonsk ze gedenken, a Präsenz vu ville Politiker, der Fédération des Enrôlés de Force, Victimes du Nazisme, de lokale Sektiounen an dem Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale, zelebréiert.

Aller au contenu principal