All together!

Dernière modification le 12.03.2024

D’Fondatioun EME organiséiert mat der Ënnerstëtzung vum LEADER Wëlle Westen en inklusive Chouer an der Regioun.

Inklusiv heescht, datt dës Offer sech besonnesch u Persoune riicht déi opgrond vu verschiddenen Ursaachen eventuell net an der Lag si bei enger ëffentlecher Offer vun engem Veräi matzemaachen (z.B. duerch ageschränkte Mobilitéit,…).

Vum 20. Februar bis de 4. Juni fënnt all zweeten Dënschde vu 16h30 bis 18h00 eng Prouf vum Chouer an de Raimlechkeete vun Op der Schock statt.

Weider Infoen an de Kontakt fir sech fir d’Prouwen unzemelle fannt Dir op:

https://www.fondation-eme.lu/fr/projets/all-together-redangeattert

Des articles de la même catégorie

Coupe Scolaire

Coupe Scolaire

De 14.06.2024 ass Coupe Scolaire an eiser Gemeng. Passt dowéinst w.e.g. besonnesch gutt am Verkéier op eis jonk Cyclisten op!

lire plus
Aller au contenu principal