Ëmfro Liewen am Kanton Réiden

Dernière modification le 20.02.2024
 
Maacht mat bei eiser Bierger – Ëmfro!
 
Eis Gemeng bedeelegt sech un der Territorial-Visioun fir de Kanton Réiden. An dësem Kontext ass Är Meenung immens wichteg an dowéinst wiere mir ganz frou, wann Dir Iech kéint ca. 15 Minutten Zäit huele fir bei eiser Ëmfro matzemaachen.
 
Et geet drëm wéi zefridden Dir mat der aktueller Offer (medezinesch Versuergung, Sport, Akafsméiglechkeeten,…) am Kanton sidd, wat feelt a wat d’Schwéierpunkte fir d’Zukunft solle sinn.
 
Mir soen Iech villmools Merci fir Äert Matmaachen.

Des articles de la même catégorie

All together!

All together!

Flyer PDFD’Fondatioun EME organiséiert mat der Ënnerstëtzung vum LEADER Wëlle Westen en inklusive Chouer an der Regioun. Inklusiv heescht, datt dës Offer sech besonnesch u Persoune riicht déi opgrond vu verschiddenen Ursaachen eventuell net an der Lag si bei enger...

lire plus
Photos Sonnenburg-Gedenkzeremonie

Photos Sonnenburg-Gedenkzeremonie

Galerie PhotosViru 79 Joer, an der Nuecht vum 30. op den 31. Januar 1945, sinn zu Sonnenburg a Polen 819 jonk Männer, déi do inhaftéiert waren, rücksichtslos vun der SS erschoss ginn. Ënnert den Affer waren 90 jonk Lëtzebuerger. An dësem Kader, gouf den 30. Januar...

lire plus
Aller au contenu principal